Braut Service - Komfort


Ären Styling eréicht den Dag vun der Hochzäit beschwätzen ass Iech ze spéit? Dir wëllt scho mi fréi mat de Virbereedungen ufänken an d'Detailer plangen?

Dann ass e Prouwtermin virun der Hochzäit genau dat richtegt fir Iech!

Ech komme bei Iech heem, mir maachen eng Prouw a beschwätzen zesummen d'Detailer, fir dat um Dag vun Ärer Hochzäit alles gut an ouni Stress an Hektik leeft.

Wat ech Iech genau bidden:

    • Um Prouwtermin:
        – E Berodungsgespréich
        – Een oder zwee Chignonen fir
           ze probéieren
        – E Prouw-Make Up

    • Um Dag vun der Hochzäit:
        – Hoer:
            •  andréinen oder fönen
            •  Chignon, Aschaffen vun
                Hoerschmuck oder vun
                engem Schleier
        – Make Up
        – op Wonsch: Manikür

Allgemeng

• Prouwterminer kënnen nët Freides oder Samsdes sin.

• Ech froen en Acompte vun 50% vum Gesamtpräis.

• Wann en Prouwtermin no 18:00 Auer ass froen ech en Feierowend-Opschlag vun 5%, gerechent um Acompte.

• Op Sonn- a Feierdeeg froen ech en Opschlag vun 10%.

Präisser

Fir Präisser kuckt w.e.g. bei den Braut Präisser.